19/12/2024
Akabo - Äre Partner fir personaliséierbar nohalteg Kleeder
zu Lëtzebuerg. 👚❤ FairFashion gëtt bei eis ganz grouss geschriwwen an dofir steet d‘Nohaltegkeet an d‘Ethik bei
Akabo am Fokus. Eis Kleeder ginn nohalteg an ethesch an Indien hiergestallt. Mir importéieren direkt aus Indien, ouni Tëschenhändler, a besichen eis Produzenten a Partner reegelméisseg op der Plaz. Eis Approche ass 100% transparent. Mir kennen déi ganz Liwwerkette vun eise Produiten a kënnen esou garantéieren, datt se a fairen an ëmweltfrëndleche Konditioune produzéiert ginn. Fir weider Infoen kënnt dir eis gär kontaktéieren. ❤️ Mir wënschen Iech all schéin Feierdeeg!!
Website: www.akabo.lu